Eng digital Gedenkplaz
D’Mémorial de la Shoah au Luxembourg ass eng digital Gedenkplaz zur Erënnerung u jüddesch Memberen vun der lëtzebuergescher Gesellschaft, déi vun de Nationalsozialisten aus rassistesche Grënn verfollegt goufen. Um Internetsite kennen d’Visiteuren hir Biografie liesen souwéi Dokumenter a Fotoen consultéieren.
D’Mémorial ass e gemeinsame Projet vun der Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah (FLMS) a vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) vun der Universitéit Lëtzebuerg.
Interesséiert Persounen, déi méi iwwert de Projet wësse wëllen, fannen weider Informatiounen um Internetsite vum Mémorial: https://memorialshoah.lu/de/