Formatiounssäll

4 Formatiounsraim

  • 30 m² – 150m²
  • D’Standardausrüstung enthält Miwwelen (Still án Dëscher), eng Televisioun an e Computer (fir all Zorte vu Projizéierungen), Panneauen a Flipcharts. Aner Besoinen kënnt Dir bei der Reservatioun uginn.

Iwwernuechtung

Kapazitéit: 64 Persounen, verdeelt op engem Stack

De Stack huet:

  • 8 Zëmmer fir jeeweils 8 Persounen
  • 2 Openthalts-/Wunnraim

Barrièrefräiheet

Mir beméien eis, de Centre Cinqfontaines fir jiddereen zougänglech ze maachen. Wéinst der Beschafenheet vum Site ginn et awer och e puer Aschränkungen.

Hei sinn déi wichtegsten Informatiounen:

Bauprojekt

Eng Kommissioun mat Vertrieder vum Staat, der jüddescher Gemeinschaft, dem SNJ an dem ZpB begleet d’Weiderentwécklung vum Centre.

Am Zesummenhang mat der Renovéierung vum Terrain gouf e „Bauprogramm“ ausgeschafft, deen eng Neigestaltung virgesäit. Aktuell gëtt gepréift, wéi dëse Bauprogramm op dem denkmalgeschützten Terrain, dee sech an enger Naturschutzzon befënnt, ëmgesat ka ginn.