Aktivitéiten

Kanner

Jugendlecher

Et ass méiglech verschidden Aktivitéiten mateneen ze kombinéieren. Kontaktéiert secretariat.cinqfontaines@snj.lu fir weider Informatiounen

Projeten

Full Image

Jüddescht Liewen an der Groussregioun

De Projet JüLiG wëll zesumme mat Jugendlechen, jonken Erwuessenen an alle Interesséierten d'Spuere vum jiddesche Liewen siichtbar maachen an der Fro nogoen, wéi dëst d'Groussregioun bis haut gepräägt huet a vun hir gepräägt gouf.

Full Image

Stell Diskriminéierung Abseits

Duerch Fussballsübungen an Diskussioune ginn déi Jonk fir verschidde Formen vun Diskriminéierung sensibiliséiert an encouragéiert doriwwer nozedenken. Des Weideren léiere si Handlungsoptiounen, wéi si sech um an nieft dem Terrain géint Diskriminéierung staark maache kënnen, kennen.

Full Image

Filmscreening “Land am Schiet”

Nom Filmscreening ginn d’Sujete vum Film wéi Polariséierung, Stereotyppen ofgegraff an diskutéiert. Iwwert Handlung vum Film gëtt e Lien mat der Aktualitéit hiergestallt.

Full Image

Kannerrechtsrallye

Op engem flotte Rallye duerch d’Natur léieren d’Kanner hir Rechter op ofwiesslungsräiche Statiounen spilleresch kennen.

Full Image

Europaprojet

Ausgoend vun der Geschicht vu Cinqfontaines entdecke Lëtzebuerger Jonker zesumme mat Jonker aus dem europäeschen Ausland, wat Europa an d’EU fir si bedeiten.

Full Image

StudioStar

Länneriwwergräifend setzen sech Jonker kreativ mat verschiddenen Theme ronderëm d'Mënscherechter ausernee.

Full Image

Passeur(s) de memoire(s)

Jonker léieren d’Geschicht vu Cinqfontaines kennen a froen sech „Wat huet dat (nach) mat mir ze dinn?“ Si gestalten en eegen Projet zu “Erënnerung” an deenen Sujeten, déi hinnen wichteg sinn.

Full Image

ArtBreak

An dëser Kolonie dréint sech alles ëm Kreativitéit. Déi Jonk kënnen an enger Woch verschidde Konschtformen ausprobéieren a léiere wichteg Tipps an Tricks.

Weiderbildungen

Mir bidde follgend Weiderbildungen un:

Publikatiounen

Entdeckt eis pedagogescht Material, dat Dir hei erofluede kënnt.

Visitten Grand Public

Visitten iwwert d’Geschicht vu Cinqfontaines sinn op Ufro fir Veräiner, Institutiounen, Firmen a Privatpersoune buchbar. D’Mindestzuel sinn 10 Persounen. W.e.g. schéckt Är Ufro iwwer follgende Formulaire:

Demande de disponibilité