E Comité de Pilotage mat Vertrieder vu Staat, Jüddescher Communautéit, SNJ an ZpB begleet d’Weiderentwécklung vum Zentrum.

Den SNJ an den ZpB hunn allebéid eng pedagogesch Ekipp op der Plaz. Si schaffen enk zesummen an entwéckelen eng villfälteg Offer fir Kanner, Jonker an Erwuessener.

En Vuë vun der Renovatioun vum Site gouf e “Bauprogramm” ausgeschafft, deen e Réaménagement virgesäit. Momentan gëtt gepréift wéi dëse Bauprogramm um Site, deen denkmalgeschützt ass an an enger Naturschutzzone läit, kann ëmgesat ginn.