
Wee mir sinn
De Centre Cinqfontaines – Erënnerungsplaz a Bildungszentrum – befënnt sech an der Uertschaft Cinqfontaines am Norde vu Lëtzebuerg. Dës spillt eng bedeitend Roll an der Geschicht vun der Shoah zu Lëtzebuerg.
D’Equipe vum Centre Cinqfontaines besteet aus Mataarbechterinnen a Mataarbechter vum Service national de la jeunesse (SNJ) an dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB). Zënter 2022 bidde mir zesummen Aktivitéiten am Beräich vun der non-formaler Bildung un. Eise Programm riicht sech haaptsächlech u Kanner, Jugendlecher a Multiplicateuren a Multiplicateurinnen, mee och un de Grand Public.
Eis Ziler sinn et, d’Erënnerung un d’Shoah z‘erhalen, d’Bewosstsi fir Antisemitismus a Rassismus ze stäerken an d’Mënscherechter ze fërderen.

Eis Wäerter
Lued eis Leitbild erof, fir méi iwwer eis Wäerter a Prinzippien ze gewuer ze ginn.
Entdeckt méi

Pedagogescht Konzept
Lued eist pedagogescht Konzept erof, fir méi iwwer d'Ziler a Methode vun eiser Bildungsaarbecht gewuer ze ginn.
Entdeckt méi

Rapports d‘activités
Kuckt Iech eis Rapports d‘activités un, fir en Abléck an eis bis elo ëmgesaten Aktivitéiten a Projeten ze kréien.