Formatiounssäll
4 Formatiounsraim
- 30 m² – 150m²
- D’Standardausrüstung enthält Miwwelen (Still án Dëscher), eng Televisioun an e Computer (fir all Zorte vu Projizéierungen), Panneauen a Flipcharts. Aner Besoinen kënnt Dir bei der Reservatioun uginn.
Iwwernuechtung
Kapazitéit: 64 Persounen, verdeelt op engem Stack
De Stack huet:
- 8 Zëmmer fir jeeweils 8 Persounen
- 2 Openthalts-/Wunnraim
Barrièrefräiheet
Mir beméien eis, de Centre Cinqfontaines fir jiddereen zougänglech ze maachen. Wéinst der Beschafenheet vum Site ginn et awer och e puer Aschränkungen.
Hei sinn déi wichtegsten Informatiounen:
- De Wee bis bei d’Monument huet eng staark Pente an ass net gutt zougänglech fir PMR (Leit mat ageschränkter Mobilitéit)
- Et gi Parkplazen direkt um Site
- De Site ass betonéiert a huet e feste Buedem
- Begleet- an Assistenzhënn sinn um Site wëllkomm
- De Parcours mémorial ass ëffentlech zougänglech
- D’Informatiounsdëscher sinn iwwer eng Trëtthéicht vu 7 cm erreechbar
- Den Zougang zum Informatiounsdësch um Parking ass ongeféier 79 cm breet
- D’Informatiounsdëscher hunn ënnerfuereg Dëscher fir Rollstullfuerer
- Bei den Informatiounsdëscher ginn et Sëtzgeleeënheeten
- Un den Informatiounsdëscher ginn et Halterunge fir Géihëllefen
- D’Informatiounstafelen beim Monument, bei de Gleiser an der Millen si fir PMR net gutt zougänglech
- D’Texter op den Informatiounstafele sinn op enger Héicht vun 1,35 m ubruecht
- De Parcours mémorial ass online op dëser Homepage a liichter Sprooch verfügbar
- Et gëtt eng Informatiounsbroschür a liichter Sprooch – hei eroflueden
- D’Gebaier si net ëffentlech zougänglech
- All Gebaier si fir PMR zougänglech
- Am Rez-de-Chaussée vum Klouschtergebai gëtt et eng barrièrefräi Toilette
- D’Schlofräim si net barrièrefräi a net zougänglech fir PMR
- Am Home gëtt et keng barrièrefräi Toilette
- Op Ufro
Bauprojekt
Eng Kommissioun mat Vertrieder vum Staat, der jüddescher Gemeinschaft, dem SNJ an dem ZpB begleet d’Weiderentwécklung vum Centre.
Am Zesummenhang mat der Renovéierung vum Terrain gouf e „Bauprogramm“ ausgeschafft, deen eng Neigestaltung virgesäit. Aktuell gëtt gepréift, wéi dëse Bauprogramm op dem denkmalgeschützten Terrain, dee sech an enger Naturschutzzon befënnt, ëmgesat ka ginn.