
Cinqfontaines
D’Klouschter Cinqfontaines (Fünfbrunnen) huet eng villfälteg a mouvementéiert Vergaangenheet. Wéinst senger historescher Bedeitung, ganz besonnesch fir d’Jüddesch Communautéit, huet d’Lëtzebuerger Regierung de Site vum Klouschter 2020 kaf, fir doraus eng Erënnerungsplaz an e Bildungszentrum ze maachen. Am Centre Cinqfontaines stinn d‘Gedenken un d’Affer vun der Shoah, d’Sensibiliséiere géint Antisemitismus a Rassismus an d’Stäerke vun Demokratie a Mënscherechter am Mëttelpunkt.
Entdeckt méi