Gedenkveranstaltungen

07/07/24

Journée commémorative zu Cinqfontaines

Gedenkfeier zur Erënnerung un d’Affer vun der Shoah aus Lëtzebuerg. Organsiéiert vum Comité Auschwitz Luxembourg.

Erënnerungsprojeten

Mémorial de la Shoah au Luxembourg

D’Mémorial de la Shoah au Luxembourg ass eng digital Gedenkplaz zur Erënnerung u jüddesch Memberen vun der lëtzebuergescher Gesellschaft, déi vun de Nationalsozialisten aus rassistesche Grënn verfollegt goufen. Um Internetsite kennen d’Visiteuren hir Biografie liesen souwéi Dokumenter a Fotoen consultéieren.