Den Zenter gëtt finanzéiert vum Ministère fir Edukatioun, Kanner a Jugend an e gëtt geréiert vum Service national de la jeunesse.

Déi edukativ Aktivitéite gi vum Service national de la jeunesse (SNJ) an dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) ugebueden.

Den Zenter kann och vun externen Institutiounen oder Organisatiounen gelount ginn fir do eegen Aktivitéiten ze organiséieren. Dat ënnert der Viraussetzung, datt d’Aktivitéite am Aklang matt de Wäerter an der Ausriichtung vum Zenter stinn.