Aktivitéiten

Jugendlecher
Zeien vun der 2. Generatioun
Zeien vun der 2. Generatioun schwätzen iwwert hir Familljegeschicht während der Shoah an hirt eegent Opwuessen an der Nokrichszäit.

Jugendlecher
Cinqfontaines. Plaz vun der Shoah
Ausgoend vu Biografien léieren déi Jonk d’Geschicht vum „Jiddeschen Altersheem“ kennen a ginn gewuer, wéi d’Shoah zu Lëtzebuerg verlaf ass.

Jugendlecher
Verschwörungstheorien entlarven
Dës Aktivitéit sensibiliséiert d’Participante fir potenziell Geforen vu Verschwörungstheorien.

Kanner
Cinqfontaines. Plaz vun der Shoah
D'Kanner léieren op eng interaktiv an altersgerecht Manéier d'Geschicht vum „Jiddeschen Altersheem“ kennen a ginn gewuer, wéi d’Shoah zu Lëtzebuerg verlaf ass.

Kanner
Stark fir mech, staark fir dech
Als Schüler vun enger Zauberschoul entdecken d'Kanner hire Safe Space a léieren, wéi si sech fir anerer asetze kënnen.

Kanner
D’Geheimnis vum Kryptex
Duerch d'Léise vu Rätsele wärend enger Schatzsich entdecken d'Kanner Grondelementer vum Juddentum, Chrëschtentum an Islam.

Jugendlecher
All verschidden, all d’selwecht
Dës Aktivitéit erméiglecht et de Jonken, iwwer Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder nozedenken an ze diskutéieren.

Jugendlecher
Mënscherechter entdecken
Wärend enger Wanderung entdecken déi Jonk, wat Mënscherechter sinn a firwat se wichteg sinn.
Et ass méiglech verschidden Aktivitéiten mateneen ze kombinéieren. Kontaktéiert cinqfontaines.secretariat@snj.lu fir weider Informatiounen
Projeten
Filmscreening “Land am Schiet”
Nom Filmscreening ginn d’Sujete vum Film wéi Polariséierung, Stereotyppen ofgegraff an diskutéiert. Iwwert Handlung vum Film gëtt e Lien mat der Aktualitéit hiergestallt.
Kannerrechtsrallye
Op engem flotte Rallye duerch d’Natur léieren d’Kanner hir Rechter op ofwiesslungsräiche Statiounen spilleresch kennen.
Europaprojet
Ausgoend vun der Geschicht vu Cinqfontaines entdecke Lëtzebuerger Jonker zesumme mat Jonker aus dem europäeschen Ausland, wat Europa an d’EU fir si bedeiten.
StudioStar
Länneriwwergräifend setzen sech Jonker kreativ mat verschiddenen Theme ronderëm d'Mënscherechter ausernee.
Passeur(s) de memoire(s)
Jonker léieren d’Geschicht vu Cinqfontaines kennen a froen sech „Wat huet dat (nach) mat mir ze dinn?“ Si gestalten en eegen Projet zu “Erënnerung” an deenen Sujeten, déi hinnen wichteg sinn.
”Art meets 5B” – Konschtkolonie?
An dëser Kolonie dréint sech alles ëm Kreativitéit. Déi Jonk kënnen an enger Woch verschidde Konschtformen ausprobéieren a léiere wichteg Tipps an Tricks.

Visitten Grand Public

Visitten iwwert d’Geschicht vu Cinqfontaines sinn op Ufro fir Veräiner, Institutiounen, Firmen a Privatpersoune buchbar. D’Mindestzuel sinn 10 Persounen. W.e.g. schéckt Är Ufro iwwer follgende Formulaire:
Umeldung
