Aktivitéiten

Déi pedagogesch Aktivitéiten am Zenter Cinqfontaines hu folgend Schwéierpunkten:

  • D’Gedenken un d’Affer vun der Shoah
  • Opklärung iwwert d’Verfolgung vun der jüddescher Bevëlkerung zu Lëtzebuerg
  • D’Sensibiliséiere géint Antisemitismus a Rassismus
  • D’Stäerke vun Demokratie a Mënscherechter

Ugebuede gi se vum Service national de la jeunesse (SNJ) an dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB).

Raimlechkeeten

Am Zenter Cinqfontaines kënne folgend Raimlechkeete vun externe Gruppe gebucht a benotzt ginn: Dräi Réuniounssraim (1×10 Sëtzplazen / 2×20 Sëtzplazen). Home fir Iwwernuechtungen mat enger Kapazitéit vu maximal 64 Leit, opgedeelt op 8 Dortoiren à 8 Better. Dobäi kommen nach 2 grouss Openthaltsraim.

Liste des prix 2024 Conditions générales et Ordre intérieur

Ufro